Advertisement · 728 × 90

Posts by Luca Mathias

Video

ℹ️⛈️ Déi lëscht Nuecht sinn virum Passage vun enger Kalfront vereenzelt Donnerwiederen opgetrueden. Dermadder ass d'Donnerwiedersaison 2026 lancéiert! D'Animatioun weist d'Blëtzaktivitéit (🔴) an d'Satellittebild am Infraroutkanal. /LM

1 week ago 2 1 0 0
Post image Post image

❄⛈🌬 Hannert enger Kalfront, déi muer de Moien fréi duerchzitt, wäert sech typescht Abrëllswieder bis an den Owend eran etabléieren, mat heefegen Schaueren, déi vun Graupel, Schnéi an Reen kënne begleet sinn. Wandstéiss bis 65 km/h sinn lokal méiglech an och e kuerzt Donnerwieder. /LM

4 weeks ago 1 1 0 0
Post image

🌦📡🛰 Haut um Weltdag vun der Meteorologie läit den Fokus op der Wichtegkeet vum internationalen Austausch vun Beobachtungsdonnéeën. Wéi eng Roll MeteoLux dobäi spillt, dat gitt Dir an eisem Artikel gewuer.

🇩🇪 https://swll.to/Mh29Zm
🇫🇷 https://swll.to/dSTMeT

#WorldMetDay

/LM

1 month ago 1 1 0 0
Post image Post image

ℹ❄ Den Retour vum Schnéi? Am Laf vun der nächster Nuecht besteet d'Méiglechkeet, datt den Nidderschlag iwwert 400 m a Schnéi(-reen) iwwergoe kéint. Eng dënn Schnéicouche muer den Moien iwwert 450/500 m wier deemno net ausgeschloss. Aktuell Guidance vum DWD-Ensemblemodell 👇🏻 /LM

1 month ago 1 2 0 0
Post image

ℹ🌧 Eng schläifend Kalfront wäert vun en Freideg de Mueren bis en Samschdeg de Mueren fir Dauerreen suergen. Dobäi sinn verbreet am Land 15-25 l/m² innerhalb 24 h ze erwaarden, am Westen/Nordwesten vum Land sinn och mol bis 35 l/m² net ausgeschloss (👇🏻). /LM

1 month ago 1 2 0 0

D'Miessung vum Ceilometer haut zu Tréier huet d'Couche vum Saharastëbs gutt erfaasst (orange/roud Faarfen). D'Couche huet sech och am Dagesverlaf duerch den Héichdrockafloss (Subsidenz) vun ca. 3 op 2 km Héicht erofgesat. /LM

1 month ago 1 1 0 0
Post image Post image

ℹ Gréisser Konzentratiounen un Saharastëbs maachen sech nees iwwert Westeuropa breet. Iwwert Lëtzebuerg wäerten Konzentratiounen ab haut den Owend klammen an se wäerten och déi nächst Deeg erhéicht bleiwen. D'Kaarten hei drënner weisen d'Konzentratioun a ronn 3 km Héicht. /LM

1 month ago 1 1 0 1
Post image Post image

ℹ🌦📈 Den Wanter 2025/2026 war um Fluchhafen Findel däitlech ze waarm (+1,6 °C), relativ dréchen (- 31.2 mm) an wéineg sonneg (- 62.9 h). Den Februar 2026 läit mat just 31,7 h Sonn knapp hannert dem Rekord vum Februar 1989 (27,2 h).

Detailléierten Bilan: https://swll.to/BBinHS (🇨🇵/🇩🇪)

/LM

1 month ago 1 1 0 0
Post image Post image

⚠❄ #vigilanceJaune Tendenz a punkto Schnéicouche fir den Owend weist liicht no ënnen. D'Probabilitéit fir eng Couche vun op d'mannst 1 cm am Guttland iwwert 300 m ass geréng, am Éislek iwwert 400 m sinn weiderhin 1-5 cm méiglech. Rezentsten Output vum Nowcast-Modell fir 23h00 👇 /LM

2 months ago 1 1 0 0
Advertisement
Post image Post image

⚠❄ #vigilanceJaune Den aktuellen Modellkonsens ass deen, datt signifikativ Nidderschléi eréischt haut den Owend opzéien wäerten. Haaptsächlech iwwert 400 m sinn 2-5 cm Neischnéi méiglech tëschent 19h00 an 24h00, op den héchsten Koppen am Éislek eventuell esouguer e bësse méi 👇 /LM

2 months ago 1 1 0 0
Post image Post image

ℹ️❓❄️ Gréisser Onsécherheeten bestinn fir d'Wieder vu muer a punkto Schnéi wéinst enger komplexer Frontenstruktur. Fänkt et schonn Mueres un mat schneien oder eréischt Owes? Aktuell Probabilitéiten fir eng Schnéicouche um 13h00 an 23h00 👇🏻 /LM

2 months ago 1 1 0 0
Post image Post image

⚠️❄️ #vigilanceJaune Haut am spéiden Nomëtteg erreecht eis eng aktiv Front, déi bis an d'Nuecht eran verbreet fir 1-4 cm Neischnéi suerge wäert. Op den Éisleker Koppen sinn och mol 5-7 cm méiglech! Aktuell Modell-Guidance 👇🏻 /LM

2 months ago 1 1 0 0
Post image

📈⚡ Wéi vill Blëtzer schloen an der Moyenne pro Joer zu Lëtzebuerg an? Wéi eng Regiounen sinn am meeschten betraff? Äntwerten sinn an der éischter Blëtzklimatologie fir Lëtzebuerg ze fannen 👇

🇩🇪 https://swll.to/icCGoI
🇫🇷 https://swll.to/9ggzFG

Kompletten Bericht: https://swll.to/LAxt0

/LM

2 months ago 2 2 0 0
Post image

📈 ℹ Den Januar 2026 war ze dréchen an zimmlech dréif um Fluchhafen Findel (Ofwäichungen zu der Referenz 1991-2020 a Klammeren).

🌡 1,2 °C (- 0,2°C)
☔ 50,9 l/m² (- 21,1 l/m²)
☀ 23,9 h (- 28,1 h)

Den Detail: https://swll.to/jGmO2gO

/LM

2 months ago 1 1 0 0
Video

⚠️🧊 #vigilanceJaune Den Nidderschlag huet d'Land mëttlerweil bal ganz verlooss (👇). Dermadder geet d'Geforenlag och lues a lues op en Ënn. Um Findel ass Advektiounsniwwel opkomm, Temperatur aktuell +0,1 °C. Kleng Randnotiz: e Mëttwoch erwaarden eis Héchsttemperaturen ëm 8 °C. /LM

3 months ago 1 1 0 0
Video

⚠️🧊 #vigilanceJaune D'Haaptnidderschlagsgebitt vun der Waarmfront mat gefréierendem Reen oder Fisemreen zitt elo vu Westen eran. D'Temperatur wäert an den nächsten Stonnen iwwert 0°C klammen - fir d'éischt verbreet am Guttland, dono am Éislek. Aktuell Radaranimatioun 👇 /LM

3 months ago 2 1 0 0

⚠️🧊 #vigilanceJaune Fuerplang op +/- 1 Stonn fir muer no aktuelle Modeller:

02h-04h: Glëtz/Äiskären am ganze Land méiglech
04h-06h: zäitweis bësse Gefisems, dat fréieren kann
06h-09h: Haaptrisiko fir Glëtz am Eislek, am Guttland éischter lokale Risiko

/LM

3 months ago 1 2 0 0
Advertisement
Post image

⚠️🧊 #vigilanceJaune Et bleift dobäi, datt muer tëscht 03h an 10h (am Guttland bis 08h) e gréissere Risiko fir Glëtz besteet. Vu dass d'Temperatur sech ronderëm 0°C beweege wäert, ass den méiglechen Impakt am Beruffstraffic net evident. Et gëlt egalwéi opzepassen! /LM

3 months ago 2 2 0 1
Post image Post image Post image

ℹ️❄️🧊 Fir e Méindeg am fréie Mueren (03h bis 09h) deit sech e gréisseren Risiko fir gefréierende Reen un! Den geneen Verlaf ass nach onsécher wéinst der wellender Frontenstruktur. Mir bleiwen drun. Aktuell Aschätzung vum @ecmwf.int -Modell 👇🏻 /LM

3 months ago 1 1 0 0
Video

ℹ️❄️ Bis an den fréien Nomëtteg eran wäert et nach liicht schneien duerch d'Iwwerreschter vum Stuermdéif #Goretti. 1 cm Neischnéi kann dobäi plazeweis nach zesummekommen, haaptsächlech am Guttland. Aktuell Radaranimatioun 👇🏻 /LM

3 months ago 1 1 0 0
Post image

⚠️❄️ #vigilanceJaune #Goretti Wéi geet et mam Schnéi virun? D'Probabilitéit klëmmt ab 16h, datt den Schnéi am Norden iwwert 400 m ufänkt leien ze bleiwen. Bis um 02h an der Nuecht sinn un der Nordspëtzt > 5 cm méiglech, am Guttland generell < 1 cm, ausser um Plateau bei der franséischer Grenz. /LM

3 months ago 1 1 0 0
Video

⚠️🌧️🌬️ #vigilanceJaune #Goretti Den Kär vum Stuermdéif läit aktuell iwwert dem Westen vun der Belsch. D'Satellittebildanimatioun weist den ästheteschen Wollekenwierbel! Den Wand wäert elo bis circa 11h00 seng maximal Stäerkt erreechen, dono schwächt en sech graduell of. /LM

3 months ago 1 1 0 0
Video

⚠️ #vigilanceJaune Och wann den Stuerm #Goretti fir geféierlecht an turbulent Wieder an Westeuropa suergt, ass et aus 36.000 km Héicht en absolutten meteorologeschen Augenschmaus! Animatioun weist de Stuerm opgeholl mam Waasserdampkanal vum @eumetsat.int MTG-Satellit. /LM

3 months ago 2 1 0 0
Post image

⚠🌧 #vigilanceJaune #Goretti Och d'Nidderschlagsquantitéiten wäerten ab haut den Owend en Thema ginn. Verbreet muss een innerhalb 24 bis 30 Stonnen mat 25-40 l/m² rechnen, Richtung Westen am Stau vun der Ardennen sinn och 50 l/m² net auszeschléissen. Aktuell Ensemble-Guidance vum DWD-Modell 👇 /LM

3 months ago 0 1 0 0
Post image Post image

⚠🌬 #vigilanceJaune Mam Stuermdéif #Goretti wäert de Wand um Freideg sech markant verstäerken. Haaptsächlech Mueres an ronderëm Mëttesstonn sinn Wandstéiss vun 70 bis 80 km/h ze erwaarden, lokal och mol ëm 90 km/h. Aktuell Ensemble-Guidance vum DWD-Modell 👇 /LM

3 months ago 1 2 0 0
Post image

⚠️❄️ #vigilanceJaune Dat aktuellt Nidderschlagsgebitt huet sech als méi schwaach erwisen ewéi d'Modeller dat ugedeit haten. No der aktueller Nowcast-Guidance vum @dwdderwetterdienst.bsky.social-Modell (👇) kéint bis Mëtternuecht nach knapp 1 cm dobäi kommen. /LM

3 months ago 1 1 0 0
Advertisement
Video

⚠️❄️ #vigilanceJaune D'Nidderschlagsgebitt huet mëttlerweil den Norden an Westen vum Land erreecht. Am Beräich vun den gréngen Reflektivitéiten (20-30 dBZ) ass méi staarke Schnéifall méiglech. Aktuell Radaranimatioun 👇 /LM

3 months ago 1 1 0 0
Post image

⚠🌨 #vigilanceJaune Muer um Mëttwoch erreecht eis ronderëm d'Mëttesstonn nees vu Westen eng Schnéifront, déi verbreet 1-3 cm Neischnéi produzéiere wäert. Plazeweis sinn och mol ëm 5 cm Neischnéi méiglech. Dat meescht wäert bis ca. 18h erofkommen, dono sinn nach vereenzelt Schaueren ze erwaarden. /LM

3 months ago 2 1 0 0
Post image

ℹ️🌦📈 D'Joer 2025 war um Fluchhafen Findel waarm, naass an immens sonneg (Ofwäichungen zur Referenz 1991-2020 a Klammeren)!

🌡 10,5 °C (+ 0,7 °C)
☔️ 946,8 l/m² (+ 115,5 l/m²)
☀️ 2052,5 h (+ 249,6 h)

Den Détail: www.meteolux.lu/fr/actualite...

Annuaire: www.meteolux.lu/fr/produits-...

/LM

3 months ago 3 1 0 0
Post image

ℹ️ ❄️ Muer op Neijooschdag besteet vum spéiden Virmëtteg un bis Owes en Risiko fir zäitweis gefréierenden Fisemreen, ofwiesselnd mat Schnéigegrimmels. Et gëlt deemno opzepassen! /LM

3 months ago 2 1 0 0